News
-
Petitionsempfänger antwortet nicht
on 25 Jan 2026Liebe Unterstützende,
der Petent oder die Petentin hat innerhalb der letzten 24 Monate nach dem Einreichen der Petition keine Neuigkeiten erstellt und den Status nicht geändert. openPetition geht davon aus, dass der Petitionsempfänger nicht reagiert hat.
Wir bedanken uns herzlich für Ihr Engagement und die Unterstützung,
Ihr openPetition-Team -
Petition was submitted
on 24 Jan 2024An engem Interview mam L'Essentiel (www.lessentiel.lu/.../luxembourg-les-aides...) huet de neien Emweltminister Serge Wilmes gëschter erklärt, Lëtzebuerg geng d'Propositioun vun der EU Kommissioun, den internationale Schutz vum Wollef rofzesetzen, nët ënnerstëtzen. Dozou huet hien erklärt, dat Lëtzebuerg bis well keng gréisser Problemer mam Retour vum Wollef hät, a wann ët sollt zu Problemer mat eenzelnen Déire kommen, géif nach ëmmer d'Méiglechkeet bestoen, op Dérogatiounen zrëckzegraifen, déi ët erlaaben, eenzel Déiren ze schéissen.
Domadder stellt sech de Minister an d'Kontinuitéit vun der fréirer Regierung, déi sech fir e strengen Aarteschutz vum Wollef an der EU agesaat huet. 293 Persounen haaten d'Lëtzebuerger Regierung, an enger Petitioun opgefuerdert, dem Wollef an der Biodiversitéit eng Chance ze gin.
Lo bleiwt ofzewaarden, wéi sech di aaner EU-Memberstaate positionéiren. Fir dat d'Propositioun vun der Kommissioun ugehol gët, mussen 55 Prozent vun de Memberstaaten, déi insgesamt 65 Prozent vun der Populatioun vun der EU repräsentéiren, zoustëmmen. Emgekéiert, kënen 35 Prozent vun de Memberstaaten d'Propositioun blockéiren.
Et bleiwt also spannend an de Match ass nët gewonn! -
Petition was submitted
on 08 Jan 2024D'Petitioun gouf demoien mat 293 Ennerschrëften un de neien Emweltminister Serge Wilmes geschëckt. D'Lëtzebuerger Regierung haat vrun engem Joer zesummen mat de Regierungen vun 11 aaner EU-Memberlänner un d'Kommissioun appeléiert bei hierer "verstänneger Approche" vis-à-vis vum Schutz vum Wollef ze bleiwen.
Kuerz vru Chrëschtdaag huet d'Kommissioun lo eng Propositioun gemaat, fir de Wollef aus der Annexe II an d'Annexe III vun der Berner Aarteschutzkonventtioun ze déplazéiren. Domadder wier en da nët méi streng geschützt, mä just nach geschützt a kéint méi einfach geschosss gin. Mir hoffen, dat di nei Regierung, déi Propositioun nët matdréit.
Wann de Conseil d'Propositioun vun der Kommissioun unhuele geng, woufir eng qualifizéiert Majoritéit am Conseil néideg ass, kéint eng entsprechend Demande un de Standing Committee vun der Berner Aarteschutzkonventioun geriicht gin. Nach vrun engem Joer haat d'EU-Kommissioun d'Memberstaaten iwerzeegt, sou enger Demande vun der Schwaiz nët zouzestëmmen. D'Kommissioun huet deemols drop higewisen, dat den Erhaltungszoustand vum Wollef just an 18 vun 39 biogeographeschen Régiounen vun der EU positiv wier.